SPITZENFELDER


Oberkrainer Musik »made in Luxembourg«.


 

 Spitzenfelder ginn et mëttlerweil säit iwwer 20 Joer.

 

De Numm Spitzenfelder kënnt vun engem Kadasternumm aus der Gemeng Mäerzeg. Bei der Grënnung hunn déi Zäit dräi vun de Memberen „Im Spitzenfeld“ - wat als Adress de Kaulpad zu Mäerzeg huet - gewunnt an du louch et op der Hand datt mir dëse Numm gewielt hunn.

 

Eise Programm baséiert op di traditionell Krainer respektiv Oberkrainer Musik. Bekannt ginn ass dës Musik an de 50er a 60er Joren duerch den Slavko Avsenik a seng Original Oberkrainer Musikanten.

 

Matt Titelen wéi "Trompeten-Echo", "Auf der Autobahn", "Tante Mizzi" si si weltbekannt ginn. Haut gëtt de Grupp virugefuer duerch säin Enkel de Saso Avsenik. Haut hun awer och aner Gruppen wi Alpenoberkrainer, Mooskirchner, Oberkrainer Power vill Erfolleg.

 

Niewend dësen Standards" spille mir och traditionell lëtzebuerger Lidder wi „Ech drénke gär mäi Pättchen“, Op engem klengen Duerf“ oder „Loosst mer nach e Pättchen drénken“ am Krainer-Sound.

 

Sollt Dir e Grupp sichen fir Äert Evenement, Soirée, Fest oder soss Feierlechkeet ze encadréieren da géinge mir eis freeën.

 

Selbstverständlech kënne mir och Äert Oktoberfest, Tiroler oder Bayrischer Owend verschéineren.